arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou datt dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Mir siche fir de Service Betreit Wunnen: Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) - 40 Stonnen/Woch, CDI
D’Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d’Méiglechkeet, eng autonom Liewens- an Handlungsweis z’entwéckelen. Op Aenhéicht bereet de multidisziplinäeren Team déi Jonk op hir Zukunft vir a begleet si op hirem Wee an d’Onofhängegkeet. Dozou gehéiert, datt déi Jonk een eegent Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder e Studio zur Verfügung gestallt kréien. Fir d’Qualitéit vun der Aarbecht ze stäerken, hunn d’Mataarbechter duerch Supervisiounen an Eenzelcoachings mam Chef de Groupe d’Méiglechkeet, sech ze reflektéieren an sech perséinlech ewéi och fachlech weiderz’entwéckelen. Sou sinn si optimal op déi berufflech Erausfuerderungen am Alldag virbereet.
Responsabilitéiten
Verantwortung fir 2-3 Wunngemeinschaften am Norden an Osten vum Land
Begleedung an Ënnerstëtzung vun 7-8 jonken Erwuessenen an hirem Alldag (Wéchentlech Eenzelgespréicher, Ausschaffe vun Ziler, asw.)
Ausféieren vu sozialpädagogeschen Opträg
Plangen an Ausféieren vu Gruppenaktivitéiten
Koordinatioun an Zesummenaarbecht mat internen an externen Kooperatiounspartner
Planifikatioun a Leedung vu Grupperversammlungen
Obligatoresch Ufuerderungen
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom am soziale Beräich
Du hues den Fürerschäin B an een eegenen Auto
Du bass bereet deng Aarbechtsgestaltung selbststänneg ze iwwerhuelen a flexibel Auerzäiten ze schaffen
Du hues deng Stäerkten am Beroden a Begleeden vun individuelle Projeten, erkenns Ressourcen a weess wéi een dës weiderentwéckelen an asetze kann
Du bass motivéiert a flexibel an engem Ëmfeld ze schaffen an deem Imprevuen a Changementer Deel vun denger Aarbecht sinn
Du kanns esouwuel selbststänneg, ewéi och an der Ekipp schaffen
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sproch ass vu Virdeel
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)