Personal (m/w/d) fir d'Wunngrupp Haus 8 zu Miersch - CDI - 50%

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Localité 7534 Mersch
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Autres emplois

Retour

Personnal C1 bis C4 - Wunngrupp fir Kanner zu Miersch (Haus 8) - CDI - Deelzäit 50%

@Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf


Är Aufgaben:

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen

  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen

  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen

  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

  • Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner


Äre Profil:

  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen

  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen

  • Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen

  • Führerschäin (B)

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel

  • Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg

 

Wichtegen Acteur an der Kanner- a Familljenhëllef zu Lëtzebuerg, d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf begleet zanter bal 60 Joer Kanner, Jugendlecher a Familljen an entscheedende Momenter vun hirem Liewen. Präsent zu Miersch, am SOS Kannerduerf, souwéi op verschiddene weidere Plazen am Land, entwéckelt d’Fondatioun Opnamstrukture a pedagogesch innovativ Projeten, baséiert op Respekt, Bientraitance an Autonomie.

Amgaang sech weider ze entwéckelen, stäerkt si haut hir Kompetenzen, fir de soziale wéi och educative Fuerderunge vu muer gerecht ze ginn, mat engem déifmënschlechen a festen Engagement.

 

Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C1 bis C4, laut Diplom).

  • Sympass Kaart.

 

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'excercer


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Retour

10, rue Hermann Gmeiner
7534 Mersch
Contact
Ressources Humaines
Téléphone +352 32 90 03 -1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

Personal (m/w/d) fir d'Wunngrupp Haus 8 zu Miersch - CDI - 50% chez Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler