Educateur diplômé (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI - 75 % oder 80 %

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Job location: 7534 Mersch
Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Educator > Qualified Educator

Go back

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Är Aufgaben:

•             Dir iwwerhuelt d’ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill a schwierege Liewenssituatiounen

•             Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung

•             Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen

•             Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

•             Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.1)

•             Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF

•             Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun

•            

 

Äre Profil:

•             Dir hutt en unerkannten Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d‘exercer »

•             Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.

•             Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.

•             Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.

•             Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes bis a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.

•             Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.

•             Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.

•             Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.

•             Dir hutt e Führerschäi B an een eegenen Auto

 

Mir bidden:

•             Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.

•             Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.

•             Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.

•             Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.

•             Sympass Kaart.

 

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

•             Liewenslaf mat Foto

•             Motivatiounsbréif

•             Kopie vum Diplom

•             Autorisation d'exercer

 

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Go back

10, rue Hermann Gmeiner
7534 Mersch
Contact person
Ressources Humaines

Go back

Did you apply for this job?

Educateur diplômé (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI - 75 % oder 80 % at Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply