Aide socio-éducatif mat administrativen Tâchen (M/W/NB) - Crèche Nidderaanwen

Arcus
Job location: L-6999 Oberanven
Job type: Permanent contract Full time
Category: Educator > Nursery/Daycare Educator

Go back

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir d'Crèche Nidderaanwen: Aide socio-éducatif (M/W/NB) - 25-30 Stonnen/Woch, CDI


Du wëlls Kanner op hirer Entwécklungsrees begleeden a hues en Talent am Organisatoreschen an Administrativen? Dann bass du bei eis genau richteg. D’Zil ass et, d’Kanner ze ënnerstëtzen an hinnen e séchert, stäerkend an inspiréierend Ëmfeld zebidden. D'Crèche huet verschidde Raimlechkeeten, dass Kanner sech fräi a kreativ entfale kënnen. Mir leeë grousse Wäert op eng individuell Fërderung vun all Kand. Ausserdeem hues du Chance fir dech staark an déi verschidden administrativen Aarbechten matanzebannen a kanns esou hannert Kulisse vun der Organisatioun vun enger Maison Relais kucken. Du gëss Deel vun engem dynameschen a kreativen Team. Falls du elo Loscht krus, aktiv bei der Bildung an Entwécklung vun de Kanner matzewierken, freeë mir eis ganz besonnesch op deng Bewerbung!


Responsabilitéiten

Administrativ Aktivitéiten (≈70 %):

  • Organisatioun a Koordinatioun vum Alldag (Planning, Kommunikatioun, ...)

  • Ënnerstëtzung bei administrativen Aufgaben

  • Kommunikatioun mat den Eltere (E-Mailen, Telefonsgespréicher, Bréiwer, ...)

  • Donnéeën aktualiséieren (Presenzlëschten, Vakanzunmeldungen,...)


Pädagogesch Aktivitéiten (≈30 %):

  • Begleedung vun de Kanner am Alldag (Mëttegiessen, Fräizäitaktivitéiten)

  • Mataarbecht bei der Ëmsetzung vum pädagogesche Konzept


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Zouverlässeg an exakt

  • Organisatorescht Talent

  • Oppen an teamfäeg

  • Flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Go back

52b Avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg
Contact person
Service Recrutement

Go back

Did you apply for this job?

Aide socio-éducatif mat administrativen Tâchen (M/W/NB) - Crèche Nidderaanwen at Arcus

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply