Educateur gradué (m/w/d) - CDI - 100%

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Job location: 7534 Mersch
Job type: Permanent contract Full time
Category: Educator > Nursery/Daycare Educator

Go back

D'Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hir verschidde Strukturen

Een Educateur gradué (m/w/d)

CDI 100%


Är Aufgaben:

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung ;

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner an eise verschiddene Wunngruppen ;

  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen ;

  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen ;

  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an


Äre Profil:

  • En unerkannten Diplom als Educateur gradué oder Equivalenz

  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen

  • Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen

  • Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten, dat souwuel Dag an Nuecht wéi och d’Weekender a Feierdeeg

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel

  • Dir hutt e Führerschäin B 


Wichtegen Acteur an der Kanner- a Familljenhëllef zu Lëtzebuerg, d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf begleet zanter bal 60 Joer Kanner, Jugendlecher a Familljen an entscheedende Momenter vun hirem Liewen. Präsent zu Miersch, am SOS Kannerduerf, souwéi op verschiddene weidere Plazen am Land, entwéckelt d’Fondatioun Opnamstrukture a pedagogesch innovativ Projeten, baséiert op Respekt, Bientraitance an Autonomie.


Amgaang sech weider ze entwéckelen, stäerkt si haut hir Kompetenzen, fir de soziale wéi och educative Fuerderunge vu muer gerecht ze ginn, mat engem déifmënschlechen a festen Engagement.

 

Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.

  • Sympass Kaart.

 

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Liewenslaf mat Foto

  • Motivatiounsbréif

  • Kopie vum Diplom


Go back

10, rue Hermann Gmeiner
7534 Mersch
Contact person
Ressources Humaines

Go back

Did you apply for this job?

Educateur gradué (m/w/d) - CDI - 100% at Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply