Är Aufgaben:
* Berodung, Begleedung a praxisno, themespezifesch Ënnerstëtzung vu Bezuchsbetreier an Equippen an der ressourcenorientéierter Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller an / oder kierperlecher Beanträchtegung.
* Entwécklungs -an Differenzialdiagnostik
* Intern an extern Weiderbildung
* Kooperatioun mat internen an externe Fachdéngschten
* Entwécklung an Ëmsetze vu multiprofessionelle Projeten (z.B. Troubles du comportement, Palliative Care, Sexualpädagogik)
Äre Profil:
* Diplom-Psycholog (eng psychotherapeutesch Ausbildung oder déi ugefaang ass, wier vu Virdeel)
* Berufflech Erfarung mat Mënsche mat enger intellektueller an / oder kierperlecher Beanträchtegung.
* Erfarung an der Aarbecht mat Kanner a Jugendleche
* Gutt Kenntnisser an der Entwécklungspsychologie an an der Diagnostik
* Verantwortungsbewosstsinn, Selbststännegkeet, Flexibilitéit a Reflexiounsfäegkeet
* Gutt Kenntnisser (Wuert a Schrëft) vun den 3 Landessproochen (L / D / F)
Mir bidden:
* Kontrakt op 24-40 Stonnen/Woch
* Carrière am SAS-Kollektivvertrag
* Institutiounen déi sech als léierend Organisatioun verstinn
* Interessant an ofwiesslungsräicht Aarbechtsfeld
* Raum fir flexibelt an innovativt Schaffen
* Gutt Team- an Aarbechtskultur
* Reegelméisseg intern an extern Weiderbildungen
Im Falle einer Einstellung bitten wir Sie folgende Dokumente einzureichen
* Casier judiciaire nr. 4 und 5
* Führerschein Klass B
* Erste Hilfe
(BEWERBUNGEN AUF PAPIER ODER PER MAIL WERDEN NICHT BERÜCKSICHTIGT)